Dëst Joer organiséieren mir an Zesummenaarbecht mam

 

"Burfelt - Centre de découverte de la forêt"

 

vum 1. bis 3. Juni eng Rei Atelieren zum Thema Bësch an Natur déi speziell fir Schoulklassen vum Cycle 4 gestalt goufen.

 

Um flotten Site vun der Robbesscheier zu Munzen entdecken d‘Kanner déi villfälteg Aufgaben déi den Bësch erfëllt  an vun deenen ënnert anerem och mir Mënschen profitéieren. An verschiddenen Atelier’en erliewen d’Schüler, jeeweils während engem ganzen Dag, d’Multitalent Bësch;

 

  • Holz als erneierbar Energie

  • Liewensraum Bësch

  • Ardennerpäerd

  • Aufgaben vum Bësch an den Impakt vum Mensch

  • Feier am Bësch

  • Nohaltig Bëschwirtschaft

  • Baumfällsimulator

  • Holzprodukter

  • Schutzfunktiounen vum Bësch

  • Beien

 

Am Virfeld vun deenen Erleewnisdeeg, erstellt all bedeelegt Schoulklass 1 Bild zum Thema „Multitalent Bësch“.

 

D'Biller sinn ab haut an der Robbesscheier ausgestalt.

Bëscherliewnisdag fir Schoulklassen

 

Les Bûcherons du Nord asbl

27, route de Marbourg
L-9764 Marnach

 

Join us on Facebook

bucheronsdunord@gmail.com

Newsletter