POST Timbersports
Concours international de bûcheronnage et de sculpture sur bois
Eng vun den Haaptattraktiounen vum Bëschfest wärt och dëst Joer net ze iwwerhéieren sinn. Déi international Meeschterschaft vun den Bëschaarbechter an Holzschnëtzer. Bei dësem Concours ginn Konkurrenten aus der Belge, Däitschland an Lëtzebuerg erwaart.
An 7 verschiddenen Disziplinnen weisen d'Profien hier "Kënscht" mat den schwéieren an staarken Motorseen mee och mat hiren Handseeën an Spalthummeren. Esou weisen si an dësen Disziplinnen wei hiert Handwierk am Alldag an der Forstwirtschaft zum Asaatz kennt.
-
Axt an Motorsee
-
Handsee
-
Schnellegkeet mat der Motorsee
-
Drummsee (2 Mann)
-
Gläichgewiicht mat der Motorsee
-
Motorsee an Spalthummer
-
Holzskulptur
Ob mat der Motorsee, der Axt, der Drummsee oder dem Spalthummer, all Disziplinnen fuerderen vollsten Konzentratioun, Ausdauer an Geschécklechkeet.