" Bëschbrandgefor an Accidenter am Bësch "

Am Kader vum Bëschfest 2016, sinn och d’Bëschbrandkommissioun vun der Pompjeesfederatioun an d’Rettungsdéngschter aus der Emgéigend op der Plaz fir op d'Themen Bëschbrandgeforen an Accidenter am Bësch opmierksam ze man.

 

Nieft Ausstellungen, Demonstratiounen an Erklärungen gëtt och een Concours organiséiert, wou ënner Conditiounen aus fréieren Zäiten probéiert gëtt, eent Feier ze läschen, resp. Waasser ze förderen.

 

Während deenen 2 Deeg, weisen déi verschidden Rettungsdéngschter esou wéi och d'Bëschbrandkommissioun Iech wéi si bei hiren Asätz schaffen. Ënnertenanerem beim Retten vun engem Bëschaarbechter aus engem Bam, ënnert engem Holzunhänger mee och wei si virginn fir een Flächebrand am Bësch ze läschen.

 

Erklärungen zur "Waldwegekartierung", den Asatzgefierer an dem Material kritt Dir den ganzen Weekend iwwer op deenen verschiddenen Stänn.

Les Bûcherons du Nord asbl

27, route de Marbourg
L-9764 Marnach

 

Join us on Facebook

bucheronsdunord@gmail.com

Newsletter