
Concours international de bûcheronnage
An 5 Disziplinnen ginn Schnellegkeet, Genauegkeet, Sécherheet, Disziplin an Konditioun vun den Bëschaarbechter ënner Beweis gestalt.
Samschdes an Sonndes kënnt Dir d'Konkurrenten den ganzen Dag iwwer bei dësen 4 Disziplinnen ufeieren:
-
Zielfällung
-
Kettenwiessel
-
Kombi
-
Präzi
Sonndes ass déi grouss an spektakulär Final mam "Entasten"
Nieft den Lëtzebuerger Konkurrenten, déi em den nationalen Titel kämpfen, ginn Equippen aus der Belsch, Holland, Frankräich, Däitschland an Norwegen erwaart. Dobäi ass och den aktuellen Junior Weltmeeschter deen den ganzen Weekend beim Concours säin Kënnen weist.
Dës Equippen notzen d'Geleeënheet fir sech op d'Weltmeeschterschaft am September an Polen virzebereeden. Deemno wärt den Niveau dëst Joer immens héich sinn.
Bewärt gëtt dësen Concours no den offiziellen IALC Regelen.