Een Weekend fir déi ganz Famill...entdecken, ausprobéieren, schmaachen an villes méi.

 

Op zu Fouss oder an der Päerdskutsch, während dem Bëschfest gëtt et zu Munzen um Site vun der Robbesscheier villes ze entdecken.

 

An deenen verschiddenen Atelier kréien d'Kanner op eng verständlech Aart an Weis déi verschidden Elementer an Zesummenhäng vun der Natur erklärt. Dobäi kennen si vill selwer ausprobéieren an deen een oder aneren Souvenir mat Heem huelen.

 

Zu Munzen féiert keen Wee laanscht déi impressionant Ardennerpäerd. Dëst Joer ginn et speziell Atelieren fir den Kanner dëst Déier méi no ze bréngen. Den Kontakt tëscht dem Päerd an den Kanner spillt dobäi eng wichteg Roll. Wéi staark ass esou een Päerd? Kann een op deem Päerd och reiden? Wei fillt sech säin Pelz un? Op all dës Froen fann Dir an den Atelieren zu Munzen um Bëschfest eng Äntwert.

 

Nieft dem Ieselsreiden, Fidderen an Heemelen vun den Déieren (Kanéngercher, Hénger, Schwäin an Schof) stinn och déi klassesch Animatiounen ewéi Sprangschlass, Backen an Facepainting um Programm.

Les Bûcherons du Nord asbl

27, route de Marbourg
L-9764 Marnach

 

Join us on Facebook

bucheronsdunord@gmail.com

Newsletter