Presentatioun vun den eenzelnen Partner 2017

98, route de Bastogne
L-9176 Niederfeulen


Tél.: +352 81 87 51
Mail: bmf@pt.lu
http://www.bmf.lu/

  • Facebook Social Icon

Barrela et Martins S.à.r.l. et BMF S.à.r.l.
La forêt c’est nous.

D'Firma Barrela et Martins sàrl huet sech op Bëschaarbechten an den Ënnerhalt vun Parken an Gäert spezialiséiert. Si engagéieren sech fir qualitativ héichwäerteg Servicer unzebidden an dobäi den Bësch esou wéi och d'Wënsch vun den privaten an ëffentlechen Proprietären ze respektéieren.
Si iwwerhuelen den Ënnerhalt, d'Botzen, den Verkaf oder Tosch vun privaten Terrainen an Bëscher an këmmert sech em d'Gestioun vun A bis Z.
Barrela et Martins sàrl beliwwert Exploitatiouns- an Holzveraarbechtungsfirmen an Lëtzebuerg, der Belsch an Däitschland.

BMF sàrl ass eng international Holztransportfirma déi den Transport vum Holz vun der Firma Barrela et Martins assuréiert an liwwert dëst un Seeëreien oder aner Veraarbechtungsfirmen zu Lëtzebuerg an der Belsch oder an Däitschland. Si iwwerhuelen och den Transport vun Holz fir privat an ëffentlech Bëschbesëtzer esou wéi och d'Liwwerung vun Laangholz an Heizholz a Form vun Kouerten oder Stären.

Maison 10A       

L-9645 Derenbach    

      

Tél : +352 26 91 44 18   

Mail : info@outilsnord.lu

www.outilsnord.lu

Outils Nord

Unser Ziel ist Ihre Sicherheit

OUTILS-NORD bitt haut d'Aarbechtskleedung fir d'Industrie an d'Handwierker vun muer un. Sécherheet an Qualitéit stinn dobäi un éischter Platz. Net nëmmen Form an Villsäitegkeet mee virun allem Qualitéit a Funktioun bestëmmen d'Markenauswiel. Besicht den lëtzebuerger Vertrieder vun ënner anerem Haix an Pfanner an hirem Geschäft an op hirem Stand um Bëschfest 2017.

 

Op Wonsch kënnen am eegenen Atelier och d'Firmenlogoen op d'Textilien gedréckt oder gestéckt ginn. En plus, bitt d'Firma Outils Nord een grousst Sortiment vun qualitativ héichwäertegen Werbeartikelen un. Esou kënnen T-Shirten, Poloen, Sport an Fräizäitkleedung ganz individuell gestalt ginn.

7, rue Alcide de Gasperi,

L-1468 - Luxembourg-Kirchberg

B.P. 1304, L-1013 Luxembourg

Tél.: +352 43 53 66-640

Mail: fedil@fedil.lu

www.fedil.lu

Fedil Bois

D’Fedil Bois ass eng vun den 20 sektoriellen Associatiounen vun der 1918 gegrënnter Federatioun FEDIL – Business Federation Luxemburg. Fedil Bois ass den Verband vun der lëtzebuerger Holzindustrie an der professioneller Bëschaarbecht an regruppéiert, ënnerstëtzt an fërdert seng Memberen fir d’Holzwirtschaft zu Lëtzebuerg an am Ausland virun ze dreiwen.

14, rue Michel Flammang

L-1524 Luxembourg

Tél.: +352 26 12 99

Mail: info@vereal.lu

www.vereal.lu

  • Facebook Social Icon

Vereal

Nieft den Privatgäert, Gréngflächen an Sportsterrainen ass Vereal an der Bëschwirtschaft aktiv.

Si hunn dat néidegt Equipement fir all Zort vu Bëschaktivitéit ze erleedegen: Duerchforstung oder Kahlschlag, maschinell oder op der Hand.

Mat Hëllef vun hirem leeschtungsstaarke Bësch-Equipement kënne si sech ëm all Etappë vun der Kommerzialisatioun vun Ärem Holz këmmeren.

Si kënnen och all Zort vu Broyage, Fraisage oder Dessouchage Aarbechten duerchféieren. Ënner anerem verfüge si och iwwer Raupefräsen, déi e ganze Koup Avantagë bidden: nidderegen Drock op de Buedem, Aarbechten a staarken Neigungen an a Fiichtgebidder, souwéi eng séier Exekutioun.

Vum Planze bis zur Exploitatioun vum Bësch – si assuréieren de komplette Suivi vun Äre Bëschaarbechten.

13, rue d'Ell

L-8509 Redange / Attert

Tél : +352 23 62 10 75

www.husting-reiser.lu

Construction Husting et Reiser

Vos chantiers entre les mains de professionnels

Terrassementer, Héich- an Déifbau, Bau- an Isolatiounsmaterial, Mazout, Pellets an Verlounen vun Containeren: Husting & Reiser S.A.huet all déi néideg Kompetenzen fir an dësen Domainen eng perfekt Aarbecht ze liwweren. Klassesch Terrassementsaarbechten, Kanaluschloss, Demolitioun, Gardengestaltung, Bëschweeër an villes méi sinn d'Haaptservicer vun der Firma déi duerch hier Spezialisten an mat laangjäreger Erfarung erleedegt kënnen ginn.

10, rue des Prés

L-9371 Gilsdorf

Tél : +352 32 87 06

Mail : info@holzmich.lu

www.holzmich.lu

  • Facebook Social Icon

Den Holzmich

Entreprise de bois de cheminée

 

« Den Holzmich » ass op d’Maachen an Liwweren vun Heizholz an aaner Bëschaarbechten spezialiséiert. Si hunn een groussen Stock un dréchenem Heizholz (Buchen) dat ausschliisslech aus den Lëtzebuerger Bëscher staamt an op verschidden Längten tëscht 25cm an 1 Meter geschnidden sinn. Si leen vill Wäert op eng séier an perséinlech Liwwerung vum Heizholz un hier privat an professionell Clienten an des a Form vun Stären oder Kouerte.

 

Ausserdeem kann den Holzmich sech em d’Gestioun, d’Botzen an den Ënnerhalt vun Bëscher an Terrainen këmmeren. Dozou gehéiert nieft dem Emmachen, Opäschten oder Duerchforsten och den Transport vum Holz an Seeëreien oder aner Betriber an Lëtzebuerg, der Belsch an Däitschland.

29B, rue d'Ettelbrück

L-9154 Grosbous

Tél : +352 88 80 88

Mail : info@foretetnature.lu

http://www.foretetnature.lu/

  • Facebook Social Icon

Forêt et Nature S.à.r.l.

D’Haaptdomainer vun Forêt et Nature sinn d’mechanesch an manuell Fällung, Demontage vun geféierlechen Beem esou wéi och Opäschten an Botzen no der Fällung. Des weideren sinn si Spezialisten an den Beräicher Plantatiounen esou wéi och Kaf an Verkaf vun Holz.

25, Op der Hekt

L-9676 Noertrange

Tél: 95 86 06

Leunessen Holz

 

Ären Spezialiste am Norden fir Bau- an Industrieholz esou wéi och d’Ariichten an den Ënnerhalt vun Gäert an Parken. Mat Maschinn an Päerd ass des Firma am Holzhandel an Holzschleefen ganz aktiv.

45, rue de Bouillon

L-1248 Luxembourg

Tél : 40801-1

​https://www.mercedes-benz.lu

Mercedes-Benz Luxembourg S.A

The best or nothing.

Op nei oder gebraucht, fir den privaten oder den professionellen Gebrauch, bei Mercedes-Benz fannt och Dir wat dir sicht.

Mat der neier X-Klass huet Mercedes-Benz elo och een performanten Pick-up um Maart deen si Iech nieft engem Unimog um Bëschfest 2017 presentéieren. Nieft den Privatautoen fann Dir bei hinnen natierlech och eng ganz Réi vun Transporter, Camionen, Busser an Reessmobiler.

  • Facebook Social Icon

24 Marburgerstrooss

L-9764 Marnach

Tél.: +352 92 15 55

Mail: info@beton-weber.lu

www.beton-weber.lu

Weber & Cie S.à.r.l.

D‘ Firma Weber & Cie S.à r.l. ass 1931 vum Nicolas Weber gegrënnt ginn an mat deenen zwee Grondwäerter „Qualitéit an Traditioun“ huet hien eng Basis fir een laangjäregen Erfolleg, deen mëttlerweil 4 Generatiounen unhält, geschaaft.

Am Laaf vun den Joren huet sech dësen Betrib breet opgestallt an ass an enger Rëtsch vun Beräicher aktiv. Den Schwéierpunkt leit awer am Déif- an Stroossebau, Garden- an Landschaftsbau esou wéi d’Hierstellung an d’Liwwerung vun Beton.

170, rue de Bastogne

L-9011 Ettelbruck

Tél : +352 81 26 84

www.nissan.lu

Garage Nissan by Lentz

Zu all Moment no beim Client sinn an een qualitativ héichwäertegen Service ubidden zeechent d’Garage Nissan by Lentz aus. Si proposéieren eng komplett Gamme vun neien an occasicouns Autoen op Diesel, Bensin oder 100% elektresch, hei fannt Dir den Auto deen bei iech passt.

ZA Schlammestee

L-9175 Niederfeulen

Tél.: +352 812731

Mail: info@agrotechnic.lu

www.agrotechnic.lu

Agrotechnic S.à.r.l.

Eng korrekt an konsequent Präispolitik, dat gréissten Lager an Saachen Stalltechnik an der ganzer Regioun an eng motivéiert an fachkompetent Equipp déi sech permanent fir hier Clienten asetzt ass d’Fundament vun der Firma Agrotechnic.

Nieft der Stalltechnik ass Agrotechnic och Ären Uspriechpartner fir alles wat Landtechnik, Forsttechnik - vum Bësch bis bei d’Heizung, Daachtechnik – fir private an professionell Clienten, Gardentechnik – Verkaf an Reparatur vun Garden an Fräizäitgeräter esou wéi och een Pannenservice an Reparaturatelier, ugeet.

Zone Artisanale

L-9775 Weicherdange

Tel.: +352 92 16 12

Mail: info@felten.lu

www.felten.lu

Felten Frères et Fils

D’Firma ass 1952 gegrënnt ginn an huet sech op d’Reparatiounen vun Unhänger an landwirtschaftlechen Maschinnen spezialiséiert. Duerch d’Entwécklung vun der Landwirtschaft huet sech den Betrib vun Joer zu Joer vergréissert. Säit 1978 hunn si och d’Vertriedung vun Renault an hun nieft dem Verkaf vun den Autoen och en Reparaturatelier opgeriicht.

 

Ausserdeem vertrëtt d‘ Firma Felten Maschinnen, Sträich- an Stallariichtungen vun all den bekannten Marken. Nieft den Ausstellungsraim fir d’Autoen an d’Landwirtschaftlech Maschinnen fann Dir bei hinnen um Site och een Reparaturatelier, Lagerraim, een Ersatzdeellager an modern Büroen.

31, Hauptstrooss

L-9972 Lieler

Tel.: +352 99 88 43

Mail: forsttec@pt.lu

www.forsttec.lu

Forsttec

KRPAN Verlässlich stärker

 

Forsttec ass den Haaptvertrieder vun der slowenescher Seelwannmark KRPAN. Des weideren bidden si nach wieder Produiten vun den Marken KRPAN an Terra-Funk ewéi och allgemeng Bësch- an Juegdaccessoiren an Kleeder un.

  • Facebook Social Icon

44, rue Hiehl, Langwiss 1

L-6131 Junglinster

Tél.: +352 79 00 41-1

Mail: contact@mischel.lu

www.garagemischel.lu

Garage Mischel S.à.r.l.

1930 zu Consdorf gegrënnt fann Dir d‘Garage Mischel säit kuerzem zu Jonglënster. Si sinn op den Verkaf, Revisioun an Reparatur vun Garden- an Bëschmaschinnen spezialiséiert. Ausserdeem verkafen si nieft Méimaschinnen, klengen Trakteren, Fraischneider, Motorseeën an Heckeschéieren och Sécherheetskleeder fir all Aufgab.

  • Facebook Social Icon

Oekozenter Pafendal

6, rue Vauban

L-2663 Luxembourg-Pfaffenthal

Tél.: +352 43 90 30 86

Mail : fsclux@pt.lu

www.lu.fsc.org

FSC Luxembourg

Fir en nohaltege Bësch

 

FSC (Forest Stewardship Council) Luxembourg steet Iech fir all Froen zur Verfügung virun allem bei den Themen:

National an international Normen, Zertifizéierung, den FSC Label, FSC Produkter, d’Benotzen vun der Mark FSC, wéi gëtt een Member vun der FSC an villes méi.

5, bei Berck

L- 8359 Goeblange

Tél.: +352 39 96 92

Mail: theinc@pt.lu  

www.h-th.eu

Gieweler Holzknacker sàrl

D‘Firma Gieweler Holzknacker ass am Joer 2006 gegrënnt ginn. Hier Haaptaktivitéiten sinn nieft den Holzhäcksleraarbechten fir den kommunalen, forstwirtschaftlechen, professionellen an privaten Beräich och d’Produzéieren an d’Liwweren vun héichwäertegen Hackschnëtzel. Ausserdeem erleedegen si och eng ganz Rei aner Bëschaarbechten ewéi Fräsen, Spezialfällungen, Holztransport oder Verkaf vun Rindenmulch an Hackschnëtzel.

  • Facebook Social Icon
  • Facebook Social Icon

2, Route de Wiltz

L - 9643 Büderscheid

Tél. : +352 26 88 90 75

Mail : garage@schiltz-buderscheid.lu

www.schiltz-buderscheid.lu

Garage Schiltz Büderscheid

Säit 1982, steet Iech d’Firma Schiltz an den Beräicher Kaf, Verkaf an Reparatur vun Autoen (Renault, Suzuki an Dacia), Locatioun vun Autoen, Camionnetten an Unhänger an Reesen am Rees- oder Minibus mat sengen Experten zur Verfügung.

85 – 87, Parc d'activités Capellen

L-8303 Capellen

Tél. : +352 26 390 1

Mail : info@luxplan.lu

www.luxplan.lu

Luxplan

Ingénieurs conseils

 

Mat hiren 30 Joer Erfarung an den Beräicher Ëmwelt- an Forstetüden, Urbanismus, Stroosseninfrastrukturen, Etüden iwwert den Trafic an d’Mobilitéit, den Systèmes d'Information Géographiques (SIG) an villes méi, ass LUXPLAN den Leader um Lëtzebuergeschen an och ëmmer méi um Internationalen Marché.

  • Facebook Social Icon

Zone Industrielle

14-16, rue J-P Thill

L-9085 Ettelbrück

Tél : +352 81 82 04 1

Mail : info@deltgen.lu

www.deltgen.lu

Garage Deltgen

1981 huet den Jean-Michel Deltgen säin Familljen Betrib gegrënnt an leed dësen säit deem. Zu Ettelbréck an der Zone industrielle fann Dir op 2 Etagen an 4 Showrooms alles ronderëm den Auto vun den Marken Toyota an Mazda. Op et een neien Auto oder eng Occasioun soll sinn, si beroden iech gären.

 

Dir hutt ganz speziell Wënsch an wëllt ären Auto eenzegaarteg maachen, dann kontaktéiert hiren Partner Betrib DRT Sports Car. Säit Mee 2016 sinn si och offiziellen Concessionaire vun "KTM X-BOW".

  • Facebook Social Icon

5, avenue des Hauts-Fourneaux

L-4362 Esch-sur-Alzette

Tél. : +352 43 62 63 903

Mail : philippe.genot@luxinnovation.lu

www.luxinnovation.lu

Wood Cluster

Als een vun den jéngsten Cluster zu Lëtzebuerg, ass den Wood Cluster, deen vun Luxinnovation gemanagt gëtt, gegrënnt ginn fir all d'Acteuren ronderëm d'Thema Holzproduktioun zesummen ze brengen. Dësen Cluster ass säit 2017 operationell an stellt eng Kommunikatiouns Plattform fir all d'Acteuren aus dësem Secteur duer.

 

D'Haaptzil vum Wood Cluster ass d'Kreatioun an d'Entwécklung vun neien Geschäftsméiglechkeeten woubäi den Asatz vum héichwäertegen an nohaltegen Material op lokaler an regionaler Eben verbessert gëtt.

 

Den Wood Cluster stäerkt d'Verbindungen zwëschen all den Acteuren, andeems en sengen Memberen verschidden Aktiounen zur Fërderung vum Holzsektor ubitt an d'Nohaltegkeet an d'Wettbewerbsfäegkeet vun dësen Firmen secher stellt.

Les Bûcherons du Nord asbl

27, route de Marbourg
L-9764 Marnach

 

Join us on Facebook

bucheronsdunord@gmail.com

Newsletter