Brennholz Spaltconcours
Den traditionellen Brennholz-Spaltconcours wärt och dëst Joer erëm een vun den villen Attraktiounen um Bëschfest sinn.
Wei eng Equippe räisst an tesselt am séiersten eng Kouert Brennholz?
Sidd och Dir motivéiert an wëllt weisen wei gutt an séier Dir mam Spalter kennt schaffen? Dann mellt Är Equippe vun 3 Leit un bis spéistens den 23. Mee 2016 un.
Online - Umeldung oder den ausgëfellten Formular per Post oder Mail zeréck schécken.
Präisiwwerreechung Sonndes Owes am groussen Zelt.
1. Präis : 4 Kouerten Brennholz
2. Präis : 3 Kouerten Brennholz
3. Präis : 2 Kouerten Brennholz
4. Präis : 1 Kouerten Brennholz
Weider Informatiounen (och zum Training)
Tel: 691 515 796
E-mail:
