Pompelen ewéi Fréier

Sou wéi et haut ganz normal ass, dass den lokalen Pompjeescorps mat sengem Camion fiert an den Asaz mat moderner Technik bewältegt, esou gouf virun ca. 100 Joer eng Pompel entweder mat der Hand oder mat Päerd op d’ Plaz gezunn an mat Ieselsdamp bedriwwen. Genee dat wëllen mer widderhuelen.

 

Matmaachen kënnen Équipen aus den Rettungsdéngschter aus dem ganzen Land, aus aneren Clibb oder einfach nëmmen Kollegen, déi sech dësen Spaass nët wëllen entgoen loossen.

      

Sidd och Dir motivéiert an wëllt weisen wei gutt an séier Dir an der Equip kennt schaffen? Dann mellt Är Equippe vun 9 Leit (ab 16 Joer) bis spéistens den 23. Mee 2016 un. 

 

Online - Umeldung oder den ausgëfellten Formular per Post oder Mail zeréck schécken.

 

 

Präisiwwerreechung Sonndes Owes am groussen Zelt.

 

1. Präis : Teambuilding Cours um Burfelt (max. 20 leit)

2. Präis : Motorseeléiergang mat professionnellen Bëschleit (max. 20 Leit)

3. Präis : 1 Kouert Brennholz

 

Weider Informatiounen

Bettendorf Jules  - Präsident vun der Bëschbrandkommissioun

Email: btfj@pt.lu

GSM: +352 621 358 589

Les Bûcherons du Nord asbl

27, route de Marbourg
L-9764 Marnach

 

Join us on Facebook

bucheronsdunord@gmail.com

Newsletter