Marche gourmande à cheval

Dir sidd begeeschter Reider, verbréngt gären Zäit an der Natur an dat alles mat guddem Iessen verbonnen, dann sidd Dir den 4. Juni bei eis genau richteg.

 

Op am Suedel oder an der Kutsch, kënnt Dir deen flotten Wee vun ongeféier 20 km duerch d'Éisleker Bëscher genéissen. (Kaart mam Wee)

 

Op 5 Statiounen, vum Aperitif iwwert den Haaptplat zum Dessert an Digestif, gitt Dir an natierlech och är Päerd kulinaresch verwinnt.

 

Start vun der Marche gourmande ass tëscht 10.00 an 12.00 Auer, virdrun gëtt et Kaffi am Zelt um Site vum Bëschfest.

 

Mir hunn verschidden Alternativen an den Circuit agebaut sou kënnt Dir entscheeden op Dir ënnerwee duerch eng Baach gitt, en Zerpentinnewee erop reit oder souguer mam oder nieft dem Päerd duerch déi Klierfer Foussgängerzone gitt. Traut Dir Iech oder Ärem Päerd dat net zou, sou gëtt et niewendrun en alternativen gefestegten Wee.

 

Och steet den ganzen Dag een Noutdéngscht fir Iech bereet. Sollt ënnerwee iergendeppes mat Ärem Päerd sinn, datt et zum Beispill iwwerustrengt ass oder verletzt gitt Dir vun eis mat enger Päerdsremorque nees zeréck bei Ären Auto bruecht.

 

Umeldung bis spéitstens den 15. Mee via den Online-Formular.

 

 

 

Käschten : 60€ pro Reider (45€ <18 Joër)

 

Umeldung ass réischt gëlteg mat der Iwwerweisung vun den Partizipationskäschten (Detailer kritt Dir no der Umeldung per Mail).

Les Bûcherons du Nord asbl

27, route de Marbourg
L-9764 Marnach

 

Join us on Facebook

bucheronsdunord@gmail.com

Newsletter